Impressum

Baner

Verantwortlech fir d’Internetsäit:

D’Internetsäit www.creahaus.lu steet ënnert der Verantwortung vun der Firma:

CREAHAUS

224, Route d’Arlon

L-8010 Strassen

Tel.: (+352) 31 61 350

 

D’Internetsäit www.creahaus.lu gëtt hei no als “Internetsäit” bezeechent

D’Firma CREAHAUS gëtt hei no als “Firma” bezeechent

 

Webdesign:

D’Internetsäit ass vun der folgender Firma erstallt ginn: IDP (Ierace Dechmann & Partners)

Z.A Am Bann

2, Rue Léon Laval

L-3372 Leudelange

www.idp.lu

USt-ID: LU21469022

LBR: B121217

 

D’Internetsäit gëtt vun der folgender Firma gehost:

ROOT S.A.

3, Op der Poukewiss

L-7795 Roost

www.root.lu

 

Allgemeng Benotzungsbedéngunge vun der Internetsäit:

Duerch d’Notzung vun der Internetsäit erkläert sech den Notzer vun der Internetsäit mat alle folgenden Artikelen an Angaben averstane. Well dës Artikelen an Angaben geännert kënne ginn, gëtt den Notzer vun der Internetsäit dozou opgefuerdert, se reegelméisseg ze iwwerpréiwen.

 

Notzung vun der Internetsäit:

D’Internetsäit déngt als Presentatioun vun der Firma, hiren Déngschtleeschtungen an hire Produkter, mee och zur Presentatioun vun Immobilien, déi zum Verkaf oder zum Verloune stinn. All d’Daten, d’Texter an d’Zuele ginn zu réngen Informatiounszwecker verëffentlecht.

 

Immobilienannoncen:

D’Texter, d’Beschreiwungen an d’Fotoen, déi op der Internetsäit bei den Immobilienannoncë verëffentlecht ginn, sinn d’Eegentum vun der Firma. Den Notzer vun der Internetsäit ass net berechtegt d’Texter an d’Fotoe vun der Immobilienannonce fir eegen Zwecker ze notzen. D’Fotoe vun den Immobilienannoncë stellen een auteursrechtlech geschützt Wierk duer a sinn der Firma hiert Eegentum.

Well de Loyer vun enger Immobilienannonce fir ze lounen ofhängeg vu verschiddene Faktore variéiere kann, kann dee Präis, deen zu engem bestëmmten Zäitpunkt ugi war, net garantéiert ginn. Den Notzer vun der Internetsäit gëtt dowéinst opgefuerdert, reegelméisseg d’Säit vun den Immobilienannoncen ze kucken, fir den aktualiséierte Loyer anzegesinn.

 

D’Lëscht vun den Immobilienannoncen ass net vollstänneg. D’Firma behält sech dat Recht vir, net hire ganzen Immobiliëportfolio ze verëffentlechen. Esou kënnen zum Zäitpunkt, zu dem den Notzer vun der Internetsäit se kuckt, verschidden Immobilienannoncen aus offensichtleche Grënn duerch Updates net méi verfügbar sinn. D’Firma garantéiert dohier net d’Verfügbarkeet vun den Annoncen, déi op der Internetsäit presentéiert sinn.

 

Den Notzer vun der Internetsäit ass net berechtegt Immobilienannoncen ze kopéieren, fir se op engem anere Medium entweder op Pabeier oder an elektronescher Form oder op enger anerer Internetsäit ze verëffentlechen.

 

Auteursrecht a geeschtlecht Eegentum:

D’Duerstellung an den Inhalt op der Internetsäit, ënnert anerem och den Numm an de Logo vun der Firma, d’Texter, d’Biller, d’Fotoen an/oder d’Videoen, d’Handelsbezeechnungen, d’Datebanken, d’Produkter an d’Sloganen, bilden zesummen oder eenzel een auteursrechtlech geschützt Wierk a gehéieren der Firma.

 

Haftungsbeschränkung:

D’Firma mécht alles dofir, dass déi op der Internetsäit ugewisen Informatioune korrekt sinn, mee et kann awer sinn, dass an den Inhalter oder Annoncen op der Internetsäit Feeler stinn. An dësem Kader schléisst d’Firma all Garantie fir d’Richtegkeet a Vollstännegkeet vun den op der Internetsäit ugewisenen Informatiounen aus.

 

Bei engem op der Internetsäit ugewisene Link op iergendeng aner Internetsäit haft d’Firma net fir den Inhalt vun dëser externer Internetsäit vun engem Drëtten, déi ënnert der Verantwortung vum Verantwortleche vun der externer Internetsäit steet.

 

Rechtleche Kader:

D’Internetsäit ënnerläit dem geltende lëtzebuergesche Recht, sou wéi der exklusiver Zoustännegkeet vun de lëtzebuergesche Geriichter.